- -Tofu BBQ:
- -400 g Tofu
- -1 roud Paprika
- -100 g BBQ Zooss
- -3 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
- -1 Iessläffel Rapsueleg
- -15 g Agavendicksaft
- -1 Téiläffel Oregano, gedréchent
- -1 Téiläffel Paprikapolver
- -1 Pouz Kanéil
- -Limetten-Mandel-Räis:
- -1 Fréijoerszwiwwel
- -1 Knuewelekszéif
- -1 Limett (Zest+ Jus)
- -1 Iessläffel Kokosueleg
- -250 g Basmatiräis
- -450 ml Waaser
- -20 g gehackte Mandelen
- -Gréng Salsa:
- -30 g Koriander, frësch
- -50 g Olivenueleg
- -2 Knuewelekszéiwen
- -1 Sprëtz Limettejus
- -100 g Mais aus der Bécks, ofgeschott
- -Pinto Bounen:
- -400 g Pinto Bounen, ofgeschott
- -2 Iessläffelen Tomatekonzentrat
- -2 Tomaten
- -1 Téiläffel Kräizkümmel, gemuelen
- -½ Téiläffel Koriander, gehackt
- -½ Téiläffel Paprikapolver
- -1 Avocado
- -100 g Sauer Ram
- -100 g Tortillachips
- -Salz a Peffer
- 1Mat dem marinéierten Tofu ufänken. D’BBQ Zooss, den Rapsueleg, den Agavendicksaft, 3 zerdréckte Knuewelekszéiwen an d‘Gewierzer mëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. Den Tofu an den rouden Paprika a kleng Wierfelen schneiden an mat der Marinade gutt mëschen. Mat Frëschhaltefolie ofdecken an eng Stonn am Frigo marinéieren loossen.
- 2Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
- 3Den marinéierten Tofu op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an 30 Minutten am Schäffchen baken. Dobäi reegelméisseg dréien (ongeféier all 10 min).
- 4An der Tëschenzäit den Raïs preparéieren. D’Fréijoerszwiwwel an d‘Knuewelekszéif reng hacken. 1 Iessläffel Kokosueleg an enger Pan ophëtzen. D’Fréijoerszwiwwel an d‘Knuewelekszéif 1 min dran ubroden. Räis a Waaser derbäi ginn an 10 Minutten bei niddereger Temperatur kachen loossen, dobäi reegelméisseg dréinen.
- 5Déi gehackte Mandelen an enger ongeuelechter Pan réischteren bis se gëlle sinn. Den Räis mat dem Limettejus an mat den gehackte Mandelen vermëschen a mat Salz ofschmaachen
- 6Fir déi gréng Salsa ze préparéiren : De Koriander, 2 Knuewelekszéiwen, den Olivenueleg an den Limettejus an e Mixer ginn an püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an den Mais derbäi ginn.
- 7Tomaten an Küben schneiden an mat den Pinto Bounen, Tomatekonzentrat, den Gewierzer an 4 Iessläffelen Waasser an enger Pan bei mëttlerer Hëtzt fir 5 Minutten kachen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- 8D‘ Avocado a Sträifen schneiden. Den Tofu, den Räis, d’ gréng Salsa, Bounen an d’ Avocado an 4 Schosselen verdeelen. Jeeweils 25g Sauer Rahm dropmaachen an mat Tortilla Chips zerwéieren.