- -8 Poulets Strämpelen, ouni Haut
- -Fir d’Marinade:
- -100g griicheschen Jughurt
- -120g Mayonnaise au citron
- -25g Dill, gehackt
- -2 Téiläffelen gedréchent Menthe
- -1 Téiläffel Salz
- -wäissen Peffer
- -Fir den Zitrounejughurt:
- -200g griicheschen Jughurt
- -Zest vun 1 Zitroun
- -Salz a Peffer
- -Fir ze zerwéieren:
- -Zaloteblieder
- -Granatapelkären
- -Ueleg
- -Esseg
- 1En Dag am Viraus den Poulet marinéieren. All d’Ingredienten fir d’Marinade an enger Schossel vermëschen. D’Poulets Strämpelen mat der Marinade bedecken, zoudecken an eng Nuecht an de Frigo stellen.
- 2Den nächsten Dag den Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. D’Poulets Strämpelen mat der Marinade an eng Bakform ginn an 50 Minutten laang baken.
- 3An der Tëschenzäit den Zitrounejughurt an d’Zalot zoubereeden. All d’Ingredienten fir den Zitrounejughurt an enger Schossel vermëschen. D’Zaloteblieder mat de Granatapelkären vermëschen an mat Ueleg an Esseg ofschmaachen.
- 4D’Poulets Strämpelen mat der Zalot an dem Zitrounejughurt zerwéieren.