Pouletsstrempele mat Moschterzooss

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun: 10 Min • Kachen: 35 Min • Rezept vun passionmeetscreativity

  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -120g Pancetta
  • -8 Pouletsstrempelen (mat Haut a Schanken)
  • -1 grouss Ënn (kleng gehackt)
  • -3 Knuewelekszéiwen
  • -2 Iessläffel Moschter "à l'ancienne"
  • -5 Thymianäschtercher
  • -80ml wäisse Wäin
  • -120 ml Ram
Pouletsstrempele mat Moschterzooss

  1. 1Den Ueleg an enger grousser Pan bei staarker Hëtzt erwiermen. Als éischt d’Pancetta an d’Pouletsstrempelen vun alle Säiten ubroden, dann déi zwee Ingredienten op a mat Kichepabeier ausgeluechten Teller leeën.
  2. 2D’Pan op mëttel Hëtzt reduzéieren an d’Ënn derbäi ginn. Mat Salz a Peffer wierzen an ubrode bis se mëll ass. De Knuewelek erapressen, réieren, dann den Thymian dobäi ginn an eng weider Minutt broden. Elo mam Wäin ofläschen, de Moschter dobäi ginn, gutt réieren a kuerz akache loossen, ier de Poulet an d’Pancetta rëm an d’Pan kommen.
  3. 3D’Pan mat engem Deckel ofdecken a weider kache bis de Poulet duerch ass. Dëst dauert meeschtens ëm déi 20 Minutten
  4. 4Soubal de Poulet prett ass, d’Hëtzt erof setzen an d’Ram dobäi schëdden. Réieren a schmaachen ob genuch gewierzt ass. Wann néideg, e bëssen nowierzen, soss einfach nach e puer Minutte goe loosse bis d’Zooss méi deck gëtt.
  5. 5De Poulet mat enger grénger Zalot an Orzo zerwéieren. Gudden Appetit.