Türkesch Auberginnen Zalot

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun : 5 Min. • Kachen : 35-45 Min • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -3 Auberginnen (mëttelgrouss)
  • -6 Iessläffel Tierkeschen, oder Naturjugurt
  • -1 Iessläffel Aïoli
  • -Salz
  • -3-5 Iessläffel Olivenueleg
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -¼ Taass Hackernëss, gehackt
  • -Péiterséileg, frësh an gehackt
Türkesch Auberginnen Zalot

  1. 1Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  2. 2D'Auberginnen puer mol mat enger Forschett apicken, op ee mat Bakpabeier beluechte Blech leeën a fir 30-40 Minutte baken (dobäi reegelméisseg dréinen) bis se mëll sinn an d‘Haut geröst ass. Liicht ofkille loossen an d’Haut ofzéien. Mat Hëllef vun engem Sift gëtt d’Flëssegkeet aus den Auberginne gepresst. D'Fleesch vun den Auberginnen op engem Brietche reng hacken.
  3. 3De Jughurt mat der Aïoli an mam Salz an eng Schossel ginn a gutt vermëschen. D'Auberginnen derbäi ginn a réieren.
  4. 4Olivenueleg an eng Pan schëdden an erhëtzen, D’Paprikapolver an d’Hackernëss derbäi ginn a brutschele loossen, bis et gutt richt, dobäi stänneg reieren. Op d’Säit stellen an ofkille loossen.
  5. 5D‘Mëschung aus Jughurt an Auberginnen an eng Servéierschossel ëmfëllen an d‘Nëssmëschung drop verdeelen. Bei Bedarf mat engem Schotz Olivenueleg iwwergéissen a mat Péiterséileg bestreeë.
  6. 6An de Frigo stellen oder bei Zëmmertemperatur zerwéieren: Mat frëschem Brout oder Pita Brout iessen.