Wäinzoossiss Pasta

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 2 Persounen – Preparatioun: 20 Min. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -3 Wäinzoossissen
  • -300g Spaghetti
  • -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • -10g Botter
  • -1 Iessläffel Moschter "forte"
  • -1 Iessläffel Moschter "original"
  • -1 Iessläffel Moschter "à l'ancienne"
  • -100ml wäisse Wäin
  • -200ml Ram
  • -Salz a Peffer
Wäinzoossiss Pasta

  1. 1D’Wäinzoossissen länglech opschneiden an d’Haut erofhuelen. Kleng Stecker vun der Zoossiss ofbriechen an zu Bällercher formen (ongeféier 12g pro Bällchen).
  2. 2Fir d’Zooss den Sonneblummenueleg mam Botter an enger Pan erhëtzen. D’Fleeschbällecher ubroden bis se brong sinn, dann op en Teller setzen
  3. 3Dei dräi Zorten Moschter mam Wäin an d’Pan ginn an 2 Minutten laang opkachen. D’Ram dobäiginn, mat Salz a Peffer wierzen an d’Zooss e puer Minutten kachen loossen. D’Fleeschbällecher derbäi ginn an op d’Säit stellen.
  4. 4D’Spaghetti an kachendem Salzwaasser kachen bis se al dente sinn, d’Zooss mat de Bouletten drennermeschen an direkt zerwéieren.
  5. 5Mat enger grénger Zalot zerwéieren.