- -4 Wäinzoossissen
 - -230g Bliederdeeg
 - -Moschter "à l'ancienne"
 - -1 Ee
 - -E Schotz Mëllech
 - -Sesamkären, fir ze dekoréieren
 
							- 1Den Schäffchen op 200°C Umluft erhëtzen.
 - 2D’Wäinzoossissen längslech opschneiden an d’Haut rofezeien.
 - 3De Bliederdeeg an 4 Sträifen schneiden.
 - 4De Moschter op enger Sträif verdeelen, dann mat enger Wäinzoossiss beleeën an oprullen. D’Ränner gutt uneneenpressen fir dass se zesummenhalen.
 - 5D’Rull an mondgerecht Stecker schneiden.
 - 6D’Ee verquirlen an mat engem Schotz Mëllech vermëschen.
 - 7All Zoossiss Rull mat Ee besträichen an mat Sesamkären dekoréieren.
 - 8Mat de reschtlechen Zoossissen widderhuelen.
 - 9D’Zoossiss Rullen eng 20 Minutten am Schäffchen baken, bis se schéin brong sinn. Waarm oder kal zerwéieren.
 
