- -3 Wäinzoossissen
- -300g Spaghetti
- -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
- -10g Botter
- -1 Iessläffel Moschter "forte"
- -1 Iessläffel Moschter "original"
- -1 Iessläffel Moschter "à l'ancienne"
- -100ml wäisse Wäin
- -200ml Ram
- -Salz a Peffer
- 1D’Wäinzoossissen länglech opschneiden an d’Haut erofhuelen. Kleng Stecker vun der Zoossiss ofbriechen an zu Bällercher formen (ongeféier 12g pro Bällchen).
- 2Fir d’Zooss den Sonneblummenueleg mam Botter an enger Pan erhëtzen. D’Fleeschbällecher ubroden bis se brong sinn, dann op en Teller setzen
- 3Dei dräi Zorten Moschter mam Wäin an d’Pan ginn an 2 Minutten laang opkachen. D’Ram dobäiginn, mat Salz a Peffer wierzen an d’Zooss e puer Minutten kachen loossen. D’Fleeschbällecher derbäi ginn an op d’Säit stellen.
- 4D’Spaghetti an kachendem Salzwaasser kachen bis se al dente sinn, d’Zooss mat de Bouletten drennermeschen an direkt zerwéieren.
- 5Mat enger grénger Zalot zerwéieren.