Döner mat Champignonen & Knuewelek Zooss (vegetaresch)

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 2 bis 4 Döner • Virbereedung : 20 Min • Kachen : 50 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -Pita Bréidercher :
  • -225 g Miel
  • -135 ml Waasser
  • -7 g dréchen  Hief
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -1 Iessläffel Zocker
  • -1 Grimmel Salz
  • -Champignonen Fëllung :
  • -1 kg Champignon
  • -4 Iessläffel Sojazooss
  • -1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -1 Téiläffel Kräizkümmelpolver
  • -1 Grimmel Cayennepeffer
  • -Knuewelek Zooss :
  • -250 g Jughurt
  • -60 g Aïoli
  • -Fir ze garnéieren :
  • -½ Kornischong
  • -¼ Wäisse Kabes
  • -2 Tomaten
Döner mat Champignonen & Knuewelek Zooss (vegetaresch)

  1. 1Fir d‘Pita Bréidercher d’Hief mat bëssen Waasser an dem Zocker an enger grousser Schossel vermëschen an fir 10 Minutten roue loossen. D'Miel, den Olivenueleg an den Rescht Waasser derbäi ginn, zu engem Deeg veréieren a gutt duerchknieden. D‘Salz eréischt zum Schluss bäimëschen.
  2. 2Den Deeg a 4 gläichméisseg Klatzen opdeelen an platt drécken (ongeféier 1 bis 2 cm). D‘ Pita Bréidercher op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an fir 30 Minutten roue loossen. Genuch Plaz tëscht de Bréidercher loossen!
  3. 3De Schäffchen op 220°C virhëtzen. D‘Bréidercher fir 5 Minutte baken bis se liicht gëllen sinn.
  4. 4An der Tëschenzäit d‘Champignonen a fein Sträifen schneiden. Den Ueleg an engem groussen Dëppen erhëtzen an d‘Champignonen bei mëttlerer Hëtzt fir 20 Minutten broden. D’ Sojazooss mat den Gewierzer mëschen, derbäi ginn an weider 3 Minutten kachen.
  5. 5Fir d‘Knuewelek Zooss gëtt den Jughurt mat der Aïoli gutt vermëscht.
  6. 6Den wäissen Kabes, d’Kornischong an d‘Tomaten an reng Tranchen schneiden.
  7. 7D‘Pita Bréidercher opschneiden an mat Champignonen a Geméis fëllen an eng gutt Portioun Knuewelek Zooss dropmaachen.