- -Fir d’Zopp:
- -1 déck Zwiwwel, grob gehackt
- -1 Knuewelekszéif, grob gehackt
- -1 Stéck Curcuma Wuerzel (nom Kachen eraushuelen)
- -1 klengen roudden Piment, reng gehackt
- -2 Taasen roud Lënsen, ofgewäsch
- -2-3 Iessläffel Olivenueleg
- -Waasser
- -Topping (optionel):
- -2 Iessläffel Botter
- -Salz
- -Paprikapolver
- -Schwaarzen Peffer
- -Kümmel
- -Knuewelek Croûtons:
- -Iwweregbliwwent Brout
- -Aïoli
- 1All d’Ingredienten fir d’Zopp an een Schnellkochtopf ginn, mat Wasser (ongeféier 6-8 Tassen) iwwerdecken an gutt réieren.
- 2D’Dëppen zoumaachen an 10-12 Minutten ënner Héichdrock kachen loossen.
- 3D’Curcuma Wuerzel eraushuelen éier d’Zopp mat engem Stabmixer glaat püréiert gëtt. Wann néideg e Schotz Waasser derbäiginn fir dat d‘Zopp méi flësseg gëtt.
- 4Topping (optionnel) : Botter an engem klengen Dëppen schmëlzen an mat Salz, Paprikapolver, schwaarzen Peffer an Kümmel wierzen.
- 5Fir d’Knuewelek Croûtons : Brout a Scheiwen schneiden an mat Aïoli besträichen an uschléissend a Wierfelcher schneiden. Op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën am Schäffchen baken bis déi Croûtonen schéin brong sinn (Schäffchen op 180°C).
- 6D’Zopp gudd waarm zerwéieren. Den Botter Topping ant Zopp maachen an mat den Knuewelek Croûtonen garnéiren.