Kal Tomatenzopp

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun: 10 Min • Rezept vun carnetdesaveurs

  • -6 déck Tomaten
  • -30g Moschter « forte »
  • -30g Zelleri-Häerz
  • -2 Drëpsen tabasco
  • - Olivenueleg
  • -E puer Blieder Basilikum
  • -Salz
Kal Tomatenzopp

  1. 1Tomaten wäschen an Stiller ewechschneiden.Tomaten an den Zelleri graff schneiden a mat dem Mixer püréieren bis d’Tomatenkären komplett opgeléist sinn.
  2. 2Déi Mëschung filtréieren an herno nees an de Mixer ginn. Moschter an Tabasco derbäiginn, mat Salz ofschmaachen an e gudde Schotz Olivenueleg derbäimaachen.
  3. 3An 4 Zoppenteller oder Bolle verdeelen, e Schotz Olivenueleg iwwergéissen a mat e puer Blieder Basilikum dekoréieren.