- -500g brong « Champignons de Paris »
- -3 Zéiwen Knuewelek
- -1 Iessläffel Olivenueleg
- -1 Iessläffel Botter (optionell)
- -Thymian, frësch
- -Salz & Peffer
- -Pita Zooss
- 1Champignonen botzen (mat Kichepabeier schruppen, net mat Waasser ofwäschen). Stiller bëssen erofschneiden.
- 2D’Knuewelekszéiwe schielen an reng hacken.
- 3Ueleg an enger Pan erwiermen an d‘Champignonen 5 Minutte ubroden.
- 4D’Knuewelek, Thymian a Botter derbäiginn a fir 5 Minutte weider kachen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- 5Den Thymian Zweig eraushuelen, mat e puer Blieder frëschen Tymian bestreeën an mat Pita Zooss zervéieren.