Smashed Gromperen Zalot

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun: 10 Min • Kachen: 60 Min • Rezept vun passionmeetscreativity

  • -800 g Grenailles Gromperen
  • -3 Iessläffel griichesche Jughurt
  • -3 Iessläffel Mayonnaise
  • -1 Cornichon
  • - ½ roud Ënn
  • -1 Téiläffel Wäisswäinesseg
  • -1 Iessläffel Zitrounejus
  • -Olivenueleg
  • -Salz, Peffer
  • -1 Téiläffel Chiliflacken
  • -2 Iessläffel frëschen Dill, fein gehackt,
  • -1 Téiläffel Moschter
  • -2 Iessläffel Bratzel, fein gehackt
Smashed Gromperen Zalot

  1. 1De Bakuewen op 200 °C virheizen.
  2. 2D’Gromperen a gesalztem Waasser ca. 15–20 Minutte kachen, bis si mëll, awer nach formstabil sinn. Ofschëdden a plus minus 10 Minutten ausdämpe lossen.
  3. 3D’Gromperen op e mat Bakpabeier ausgeluechtene Bakblech ginn, a mam Buedem vun engem Glaass viirsichteg platt drécken.
  4. 4E wéineg Olivenueleg driwwer ginn, Salz a Peffer driwwer streeën, an da fir ongeféier 30 Minutte baken, bis se goldbrong a knuspereg sinn.
  5. 5An der Tëschenzäit d’Cornichon, d’Ënn den Dinn an d’Bratzele fein hacken. De Joghurt, Mayonnaise, Esseg, Zitrounejus, d’Chiliflaken a Moschter an enger Schossel glat réieren. Mat Salz a Peffer wierzen.
  6. 6Déi liicht ofgekillte Grompere viirsichteg mat dem Geméiss, de Kraider an dem Dressing vermëschen an dann direkt zervéieren.