Caesar Salad

Schwieregkeetsgrad 3/5

Zalot, Poulet, Schallotten … eppes Liichtes kache mat dësem Rezept fir Caesar Salad mat Poulet a lëtzebuergeschem Moschter „original“!

  • -4 Pouletsschnitzelen
  • -1 Zalot
  • -Parmesansspéin
  • -5 Stécker Zwiback
  • -E puer Croutonen
  • -1 Zitroun
  • -1 kleng geschnidde Schallott
  • -Paprika
  • -Botter
  • -Salz
  • -Peffer
  • -4 Zoppeläffele Crème fraîche
  • -Zitrounejus
  • -Lëtzebuergesche Moschter „original“
  • -Gerappte Parmesan
Caesar Salad

  1. 1D’Pouletsschnitzelen a kleng Sträife schneiden.
  2. 2Mat dem Jus vun enger ½ Zitroun vermëschen a 4 Stonnen am Frigo marinéiere loossen.
  3. 32 Stécker Zwiback zergrimmelen. Mat Paprika, Salz a Peffer wierzen.
  4. 4D’Pouletssträife mat der Chapelure panéieren an duerno 8 bis 10 Minutten an enger waarmer Pan mat Botter ubroden.
  5. 5Den Zwiback, d’Zalot, d’Croutonen, d’Schallott, de Parmesan an de Poulet an enger Zaloteschossel vermëschen.
  6. 6D’Crème fraîche, de lëtzebuergesche Moschter „original“, den Zitrounejus an e bësse Parmesan derbäimaachen
  7. 7D’Pouletssträifen op d’Mëschung leeën.
  8. 8Salzen, pefferen an Iech eng Freed maachen!