Fleeschtäschen

Schwieregkeetsgrad 5/5

Bei dësem Rezept vergiesse mer de Regime an huelen de Ram, d’Eeër an – jee no Preferenz – de Moschter „forte“ oder „original“ eraus a maachen eis eng Freed!

  • -10 Blieder Bliederdeeg
  • -300 g Gehacktes
  • -1 Ënn
  • -2 Eeër
  • -2 Zoppeläffele Crème fraîche
  • -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „forte“ oder „original“
  • -1 zerdréckten Zéif Knuewelek
  • -Salz
  • -Peffer
  • -1 Kaffisläffel schwaarze Peffer
  • -Botter
  • -Ueleg fir ze frittéieren
Fleeschtäschen

  1. 1D’Ënn ganz kleng schneiden an an enger Pan mat Botter ubroden.
  2. 2D’Gehacktes, d’zerdréckten Zéif Knuewelek, Salz a Peffer derbäimaachen.
  3. 3Dat Ganzt mëschen an duerno de lëtzebuergesche Moschter „forte“ oder „original“ derbäimaachen.
  4. 4D’Flam erofdréinen, d’Crème fraîche an d’Eeër derbäimaachen a regelméisseg réieren.
  5. 5Ongeféier 3 Minutte kache loossen. D’Zéif Knuewelek eraushuelen.
  6. 6De Bliederdeeg an 2 schneiden an ausernee leeën.
  7. 7Op den ënneschten Deel vun engem vun de Bliederdeegdeeler ongeféier 1 Zoppeläffel Gehacktes maachen.
  8. 8Dräiecker maachen, andeems Dir d’Blieder faalt (den Eck ënne riets op de lénksen Eck vum Blat leeën).
  9. 9E bëssen Eegiel op de leschten Deel, deen Dir faalt, maachen, fir dass dat Ganzt schéin zou bleift.
  10. 10D’Dräiecker am Ueleg frittéieren.
  11. 11E puer Momenter waarden, fir dass se net méi esou waarm sinn. An enger Schossel zerwéieren a genéissen!