Brockelcher
Schwieregkeetsgrad
Mmmm! Brockelcher mat Moschter „à l’ancienne“! Voilà! E Rezept, dat Iech zimlech sécher schmaache wäert!
- -800 g frësch Brockelcher
- -2 Zoppeläffele lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“
- -1 Ënn
- -20 cl Crème fraîche
- -1 Kaffisläffel Maizena
- -20 g Botter
- 1De Stronk vun de Brockelcher erausschneiden, d’dréche Blieder ewechhuelen a se wäschen.
- 2D’Brockelcher ofdrëpse loossen.
- 3Waasser erhëtzen an d’Brockelcher 20 Minutte bei grousser Flam kachen.
- 4Fir d’Sauce d’Crème fraîche, de lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“, Peffer a Maizena mëschen.
- 5D’kleng geschnidden Ënn an enger Pan mat Botter ubroden.
- 6Wann d’Brockelcher mëll sinn, se ofschëdden a waarm stellen.
- 7D’Brockelcher op d’Ënn ginn an d’Sauce driwwer schëdden. Mat Salz a Peffer wierzen.
- 8Alles mëschen an 3 Minutten op klenger Flam kache loossen.