Eis Moschtergamm
Forte, l'originale oder à l’ancienne: Eise lëtzebuergesche Moschter bitt Iech en eenzegaartege Goût, deen aus zouverlässegem Know-how an de beschten Ingredienten entstan ass.
Entdeckt déi 3 Rezepter vun eisem lëtzebuergesche Moschter – 100 % natierlech, ouni Konservéierungsstoffer a vun enger stengener Millen gemuel. Fir all Goût, fir all Geleeënheet. Eise lëtzebuergesche Moschter begleet all Är Molzechten.
De Moschter „l'originale“
De lëtzebuergesche Moschter „l'originale“ huet en duussen a subtile Goût an ass perfekt fir d’Preparatioun vun all Äre Platen, Saucen a Vinaigretten.
De lëtzebuergesche Moschter „l'originale“ ass a verschiddenen Emballagen disponibel, fir dass Dir en all Dag jee no Äre Besoinen als Privatpersoun oder B2B-Client benotze kënnt.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 403kJ/97kcal | Matières grasses : | 5,8g |
Protéines : | 5,9g | dont acides gras saturés : | 0,33g |
Glucides : | 3,2g | Fibres alimentaires : | 2,0g |
dont sucres : | 1,5g | Sel (sodium x 2,5) : | 4,07g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten

De Moschter „forte“
De lëtzebuergesche Moschter „forte“ mat donkelen a schaarfe Moschterkäre gëtt all Äre Rezepter an Saucen en eenzegaartege Charakter.
Bokaler vun 190 g oder Eemere vun 1 bis 5 kg: All d’disponibel Formater bidden Iech optimal Konservéierungsbedéngungen an onbegrenzte Méiglechkeeten, fir eise Moschter ze benotzen.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Wäin, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 671 kJ/162kcal | Matières grasses : | 11,9g |
Protéines : | 7,2g | dont acides gras saturés : | 0,77g |
Glucides : | 4,1g | Fibres alimentaires : | 2,7g |
dont sucres : | 2,0g | Sel (sodium x 2,5) : | 3,73g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten

De Moschter „à l’ancienne“
De lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“ mat ganze Moschterkären a feine Gewierzer gëtt all Äre Platen eng staark an originell Perséinlechkeet.
Dank de 4 Emballagen – vun 190 g bis 1 kg – fanne souwuel Privatpersoune wéi och B2B-Clienten ëmmer dee Moschter, deen am beschte fir hire Gebrauch gëeegent ass.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Wäin, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 687kJ/165kcal | Matières grasses : | 11,4g |
Protéines : | 7,8g | dont acides gras saturés : | 0,70g |
Glucides : | 4,3g | Fibres alimentaires : | 4,6g |
dont sucres : | 2,5g | Sel (sodium x 2,5) : | 3,15g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
