Grompereburger

Schwieregkeetsgrad 1/5

E besonnescht Rezept mat Andalouse. Esou kënnen déi Kleng kachen an déi Grouss sech regaléieren!

  • -4 Gromperen
  • -Zalot
  • -4 Tomaten, an 2 geschnidden
  • -2 Tranchë Poulet
  • -Lëtzebuergesch Andalouse
  • -Lëtzebuergesche Moschtert „original“
  • -1 Grapp gerappte Kéis
  • -2 Eeër
  • -Chapelure
  • -Ueleg
  • -Salz a Peffer
Grompereburger

  1. 1Maach d’Gromperen an eng Schossel fir an d’Mikrowell.
  2. 2Schëtt e bësse Waasser dran a maach Zellophan iwwer d’Schossel.
  3. 37 Minutten an der Mikrowell kache loossen.
  4. 4Gromperen zu Püree zerdrécken.
  5. 5En Ee an de Püree maachen an dat Ganzt mat Salz a Peffer vermëschen.
  6. 6Déck Kichelcher mat dem Püree formen, andeems du de Püree tëschent dengen Hänn press.
  7. 7Dat 2. Ee klappen.
  8. 8D’Kichelcher an d’geklapptent Ee zappen an duerno an d’Chapelure.
  9. 9An enger Pan mat Ueleg broden, bis se schéi giel sinn.
  10. 10Wann deng Kichelcher fäerdeg sinn, lee se op en Teller.
  11. 11Lee op all Kichelchen eng hallef Tranche Poulet, e Blat Zalot an eng Tranche Tomat.
  12. 12Maach lëtzebuergesch Andalouse a lëtzebuergesche Moschtert derbäi. Deng Grompereburger si fäerdeg!