Grompereburger
Schwieregkeetsgrad
![1/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_1.png)
E besonnescht Rezept mat Andalouse. Esou kënnen déi Kleng kachen an déi Grouss sech regaléieren!
- -4 Gromperen
- -Zalot
- -4 Tomaten, an 2 geschnidden
- -2 Tranchë Poulet
- -Lëtzebuergesch Andalouse
- -Lëtzebuergesche Moschtert „original“
- -1 Grapp gerappte Kéis
- -2 Eeër
- -Chapelure
- -Ueleg
- -Salz a Peffer
![Grompereburger](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/05/01-BurgerPDT_assiette.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1Maach d’Gromperen an eng Schossel fir an d’Mikrowell.
- 2Schëtt e bësse Waasser dran a maach Zellophan iwwer d’Schossel.
- 37 Minutten an der Mikrowell kache loossen.
- 4Gromperen zu Püree zerdrécken.
- 5En Ee an de Püree maachen an dat Ganzt mat Salz a Peffer vermëschen.
- 6Déck Kichelcher mat dem Püree formen, andeems du de Püree tëschent dengen Hänn press.
- 7Dat 2. Ee klappen.
- 8D’Kichelcher an d’geklapptent Ee zappen an duerno an d’Chapelure.
- 9An enger Pan mat Ueleg broden, bis se schéi giel sinn.
- 10Wann deng Kichelcher fäerdeg sinn, lee se op en Teller.
- 11Lee op all Kichelchen eng hallef Tranche Poulet, e Blat Zalot an eng Tranche Tomat.
- 12Maach lëtzebuergesch Andalouse a lëtzebuergesche Moschtert derbäi. Deng Grompereburger si fäerdeg!