Krevetten-Becher

Schwieregkeetsgrad 1/5

Mécht 15 Häppercher • Preparatioun: 10 Min • Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -15 knuspreg Canapé-Becheren
  • -100g Krevetten
  • -25g Cocktailzooss
  • -1 Iessläffel Estragon oder Koriander, gehackt
  • -Zest vun ½ Limett
  • -E puer Drëpsen Tabasco (optional)
  • -½ Avocado
  • -15 rout Pefferkären
  • -Salz a Peffer
Krevetten-Becher

  1. 1D’Krevetten mat der Cocktailzooss, dem Estragon oder Koriander, Limettenzest an Tabasco (wann een es benotzt) an eng Schossel ginn a gutt vermëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  2. 2Den Avocado an ½ cm grouss Küben schneiden an a puer Küben fir d’Deko op d’Säit stellen, de Rescht mat de Krevetten vermëschen.
  3. 3D’Fëllung op 15 Canapé-Becheren verdeelen an jeeweils mat engem roude Pefferkär, e bëssen Avocado an e bëssi Kraider dekoreieren.
  4. 4Ënnerhalb vun 30 Minutten zerwéieren, fir dass se nach knuspreg sinn.