- -4 Ënnen
- -1 Rull Bliederdeeg
- -100g Mozzarella, ofgeschott an als Stécker geschnidden
- -2 Téiläffel Moschter “original”
- -Fir de Flan:
- -2 Eeër
- -200ml Ram
- -1 Téiläffel Ueleg
- -Salz, Peffer, Herbes de Provence
- 1D’Ënnen schielen an an reng Tranchen schneiden, an enger Pan mat e bësse ueleg ubroden bis se mëll sinn. Mat e bëssi Salz a Peffer wierzen. Vun der Kachplack huelen an op d’Säit stellen wärend de Rescht preparéiert gëtt.
- 2De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
- 3De Bliederdeeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken, da mam Moschter besträichen. D’Ënnen driwwer verdeelen.
- 4Fir de Flan: An enger Schossel d’Eeër opschloen a mat der Ram verréieren. Mat Salz, Peffer an Herbes de Provence wierzen an de Flan iwwert d’Quiche schëdden.
- 5D’Mozzarella Stécker iwwert der Quiche verdeelen an d’Quiche eng 25 bis 30 Minutten am Schäffchen baken.
- 6Mat enger grénger Zalot zerwéieren.