Zalot sonneg
Schwieregkeetsgrad

Dir hutt Appetit op e frësche Plat? Dann ass dëst Rezept fir eng Zalot sonneg mat Mayonnaise „à l’ancienne“ wéi fir Iech gemaach!
- -4 Gromperen
- -2 Eeër
- -1 Tomat
- -150 g Pouletsfilet
- -8 sauer Kornischongen
- -Salz
- -Peffer
- -2 Zoppeläffele lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“
- -1 Kaffisläffel Wäinesseg
- -1 Zoppeläffel flëssege Ram
- -1 Dous Mais
- -Péiterséileg

- 1D’Gromperen an engem Dëppe mat Waasser kachen an ofkille loossen.
- 2De Mais ofschëdden.
- 3D’Eeër 10 Minutte kachen.
- 4D’Tomat, de Poulet an d’Grompere wierfelen an an eng Zaloteschossel maachen.
- 5D’Eeër a kleng Stécker schneiden an d’Kornischongen a Rondelen.
- 6De Péiterséileg hacken. An d’Zaloteschossel bei d’Eeër an d’Kornischonge maachen. Mat Salz a Peffer wierzen.
- 7D’lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“, de Ram an den Esseg vermëschen an iwwert d’Zalot schëdden.
- 8D’Zaloteschossel eng Stonn kal stellen!
- 9D’Zaloteschossel aus dem Frigo huelen, zerwéieren an Iech regaléieren!