Kabbeszalot mat Muerten & Hammbieren

Schwierigkeitsgrad 1/5

Preparatioun: 15 Minutten – Fir  4 Pers. als Entrée oder Bäilag.
Rezept vun Vegelizious.

  • -400 g Roude Kabes
  • -2 déck Muerten
  • -Kären aus engem hallwen Granatapel
  • -150 g Hammbieren
  • -Fir d’Vinaigrette:
  • -2 Iessläffel Mayonnaise "au citron"
  • -2 Iessläffel Jughurt
  • -Zest vun 1/2 Zitroun
  • -2 Iessläffel Hammbieresseg
  • -1 Iessläffel Ahornsyrup
  • -Salz
  • -Peffer
Kabbeszalot mat Muerten & Hammbieren

  1. 1De Kabbes a fein Sträifen schneiden. D’Muerten raaspelen (oder als Rondelen dënn schneiden) an an eng grouss Schossel ginn. D’Granatapelkären an d‘Hammbieren mat ënnerréieren.
  2. 2Fir d'Vinaigrette den Jughurt, d‘Mayonnaise, den Zest vun der Zitroun, d’Hammbieresseg an den Ahornsyrup vermëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen a bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.