- -400 g Roude Kabes
- -2 déck Muerten
- -Kären aus engem hallwen Granatapel
- -150 g Hammbieren
- -Fir d’Vinaigrette:
- -2 Iessläffel Mayonnaise "au citron"
- -2 Iessläffel Jughurt
- -Zest vun 1/2 Zitroun
- -2 Iessläffel Hammbieresseg
- -1 Iessläffel Ahornsyrup
- -Salz
- -Peffer
![Kabbeszalot mat Muerten & Hammbieren](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2022/09/salade-choux-rouge-carotte_serving.png?fit=2000%2C1300&ssl=1)
- 1De Kabbes a fein Sträifen schneiden. D’Muerten raaspelen (oder als Rondelen dënn schneiden) an an eng grouss Schossel ginn. D’Granatapelkären an d‘Hammbieren mat ënnerréieren.
- 2Fir d'Vinaigrette den Jughurt, d‘Mayonnaise, den Zest vun der Zitroun, d’Hammbieresseg an den Ahornsyrup vermëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen a bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.