Kicherierbessen Geméis Wraps

Schwieregkeetsgrad 1/5

Mécht 4 Wraps • Preparatioun: 15 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -4 Tortilla Wraps
  • -480 g Kicherierbessen, ofgeschott
  • -2 Iessläffel Tomatekonzentrat
  • -1 Iessläffel Zitrounejus
  • -3 Téiläffel Currypolver
  • -1/2 Téiläffel Kräizkümmel, gemuelen
  • -Salz a Peffer
  • -2 Iessläffel feste Jughurt
  • -2 Iessläffel Aïoli
  • -2 Iessläffel Mango Chutney (oder Ahornsaft, Agavendicksaft, Hunneg, Aprikosegebeess)
  • -10g Péiterséileg, frësh reng gehackt
  • -60g Babyspinat
  • -120g Muerten, geraaspelt
  • -100g Kornischong
  • -2 Tomaten
Kicherierbessen Geméis Wraps

  1. 1D’Kicherierbessen an eng Schossel ginn a mat Tomatekonzentrat, Zitrounejus, Curry, Kräizkümmel, Salz a Peffer vermëschen. Mat enger Forschett d’ Kicherierbesse graff zerdrécken. Péiterséileg (reng gehackt), Mango Chutney, Jughurt an Aïoli dobäiginn a gutt réieren.
  2. 2De Babyspinat wäschen, Kornischong a Sträifen schneiden, Tomaten véierelen a Muerte raaspelen.
  3. 3D’Tortilla Wraps no Uweisungen op der Packung opwiermen.
  4. 4De Wrap zesummesetzen : Babyspinat op den Tortillas verdeelen, da ¼ vun der Kicherierbes Mëschung op all Tortilla Wrap sträichen a mat den aneren Ingrediente beleeën (Muerten, Kornischong, Tomaten).
  5. 5D’Tortillas fest oprullen an an enger Pan vu béide Säiten 30 bis 60 Sekonne laang liischt ubroden.