Patatas Bravas

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Persounen • Virbereedung : 15 Min • Kachen : 35 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -1,5 kg Gromperen
  • -1 Téiläffel Backpulver
  • -Péiterséileg (frësch)
  • -2 Iessläffel Aïoli
  • -2 Iessläffel Cocktail
  • -Fir déi Marinade :
  • -3 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -1 Téiläffel Knuewelekpolver
  • -1 Téiläffel Kräizkümmelpolver
  • -½ Téiläffel Chiliflacken oder Chilipolver
  • -½ Téiläffel Salz
Patatas Bravas

  1. 1Den Schäffchen op 220°C erhëtzen.
  2. 2D’Gromperen schielen an rappen an a Wierfelen schneiden. An en Deppen mat Waasser an 1 Téiläffel Backpulver ginn an 5 Minutten kachen.
  3. 3An der Tëschenzäit d‘Marinade preparéieren : Ueleg mat den Gewierzer gutt mëschen. D’Gromperen ofschëdden an mat der Marinade gutt mëschen.
  4. 4Déi marinéierten Gromperen op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an 30 Minutten am Schäffchen baken. Dobäi reegelméisseg dréien (ongeféier all 10 min).
  5. 5Mat Aïoli an Cocktail direkt zerwéieren an mat e bëssen Péiterséileg dekoreieren.