Okonomoiyaki - Japanesch Gromperekichelcher

Schwieregkeetsgrad 3/5

Mécht 3 Gromperekichelcher  • Preparatioun:  30 Min. • Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

  • -300g mieleg Gromperen
  • -3 Freijorszwiwwelen
  • -½ Téiläffel Ingwerpaste
  • -1 Téiläffel Sojaszooss
  • -1 Ee
  • -2 Iessläffel Miel
  • -½ Téiläffel Salz
  • -Planzenueleg, fir ze broden
  • -Fir d’Okonomoiyaki Zooss : 
  • -4 Iessläffel Ketchup
  • -2 Iessläffel Sojaszooss
  • -2 Iessläffel Zocker
  • -1 Iessläffel Wäisswäinesseg
  • -½ Téiläffel Ingwerpaste
  • -½ Téiläffel Moschter original
  • -1 Knuewelekszéif, gepresst
  • -Fir ze Zerwéieren :
  • -Mayonnaise aux oeufs
  • -Sesamkären
Okonomoiyaki - Japanesch Gromperekichelcher

  1. 1Mat der Okonomiyaki-Zooss ufänken : all d’Ingredienten an en klengt Dëppen ginn, 2 Iessläffel Waasser dobäiginn an opkachen loossen. 5 Minutten kachen loossen, bis d’Zooss gedéckst huet. Op d’Säit stellen.
  2. 2D’Gromperen schielen, rappen an auspressen an an eng Schossel ginn. D’Fréijorszwiwwelen an Scheiwen schneiden an zesummen mat der Ingwerpaste, Sojaszooss, Ee, Miel an Salz bei d’Gromperen ginn an vermëschen.
  3. 3De Buedem vun enger Pan mat Planzenueleg bedecken an den Ueleg erhëtzen.
  4. 4D’Gromperemëschung an 3 Portiounen opdeelen an an der Pan 3 Gromperekichelcher formen.
  5. 5Op all Säit jeeweils 2-3 Minutten ubroden, dann aus der Pan huelen an op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen.
  6. 6All Gromperekichelchen mat Okonomiyaki-Zooss besträichen, dann mat Mayonnaise en Gitter-Muster dropsprëtzen, mat Sesam bestreeë an direkt zerwéieren.