Baked Beans mat Brout

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 6 Persounen • Preparatioun + Kachen :  30 Min. • Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

  • -1 Enn
  • -100g gereechert Spreckscheiwen
  • -3 Thymian Branchen
  • -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • -2 Knueweleckszeiwen
  • -400g Bécks gehackten Tomaten
  • -1 Iessläffel Worcestersauce
  • -1 Iessläffel Ketchup
  • -1 Iessläffel Barbecue Zooss
  • -1 Téiläffel Moutarde Forte
  • -500g Bécks wäiss Bounen
  • -Salz a Peffer
  • -Fir ze zerwéieren: 
  • -Péiterséileg
  • -Getoasten Brout
Baked Beans mat Brout

  1. 1D’Enn schielen an reng hacken, den Speck reng hacken. D’Blieder vum Thymian ofpicken. Den Ueleg an engem groussen Deppen erhëtzen an d’Enn, Speck an Thymian mat enger Pouz Salz 8 Minutten laang ubroden, bis d’Ennen schéin gebroden sinn. D’Knueweleckszeiwen schielen an pressen an eng weider Minutt mat ubroden.
  2. 2Gehackten Tomaten, Worcestershire Zooss, Ketchup, Barbecue Zooss, an Moschter dobäiginn a mat Salz a Peffer wierzen. 5 Minutten kachen loossen.
  3. 3D’Bounen ofgéissen an ofwäschen, dobäi ginn an mat engem Deckel zougedeckt 4 Minutten kachen loossen – dobäi vun Zäit zu Zäit emreieren.
  4. 4Den Deckel erofhuelen an nach weider 4 Minutten kachen loossen.
  5. 5D’Baked Beans op engem Stéck Toast Brout uriichten an mat Péiterséileg bestreeë.