- -250g ongekachten Kachkéis Wurscht
- -100ml Ram
- -50ml wäisse Wäin
- -Salz a Peffer
- -Brout
- -Original Moschter
- 1D’Kachkéiswurscht an Stecker schneiden an mat der Ram an dem wäisse Wäin an en Dëppen ginn.
- 2Erhëtzen an schmëlzen – dobäi gutt réieren – bis en glat ass. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- 3Den Kachkéis an eng Schossel ginn an d’Surface vum Kéis mat Frischhaltefolie ofdecken, fir dass sech beim Ofkillen keng Haut bilt.
- 4Komplett ofkillen loossen an dann am Frigo opbewaren.
- 5Fir ze zerwéieren e bëssen Kachkéis op enger Schmier verdeelen an mat enger gudder Portioun original Moschter besträichen.