- -500 g Rëndsgehacktes
- -50 g Cheddar Kéis (Wierfelen)
- -12-16 Scheiwen Speck (2 / Moink Ball)
- -1 Iessläffel brongen Zucker
- -1 Téiläffel Salz
- -1 Téiläffel schwaarze Peffer
- -1 Téiläffel geräuchert Paprika
- -½ Téiläffel Knuewelekpolver
- -½ Téiläffel Zwiwwelpolver
- -3-4 Iessläffel Andalouse Zooss
- -Glasur:
- -4 Iessläffel Bbq Sauce
- -2 Iessläffel Ahornsirop
- 1D’Rëndsgehacktes mat de Gewierzer an der Andalouse Zooss vermëschen an 2 Stonnen an de Frigo stellen.
- 2De Smoker/ Grill op 110°C erhëtzen. Benotzt Holzchips wann Dir de Grill benotzt, fir de Rauchgeschmaach vum Smoker ze imitéieren.
- 36 bis 8 Bulletten formen, an se dann e bësse platt drécken (60-70 g pro Bulletten). E Kéiswierfel an der Mëtt placéieren, d‘Bulletten zou maachen a jeeweils mat 2 Scheiwe Speck awéckelen.
- 4Fir d'Glasur: BBQ Sauce mat Ahornsirop an enger Schossel vermëschen.
- 5D'Moinks Balls 35 bis 50 Minutten am Smoker oder am Grill smoken/grillen, ofhängeg vun der Gréisst.
- 6BBQ-Zooss mat Ahornsirop an enger klenger Schossel vermëschen an d‘Bulletten domat apinselen. D’Temperatur op 130°-140°C eropsetzen an nach 10 Minutte smoken/grille fir dass d‘Bulletten schéi karamelliséieren.