Pulled Chicken Tacos (Poulet Tacos)

Schwierigkeit 2/5

Fir 4-5 Pers. • Preparatioun: 10 min • Schäffchen: 40 min • Rezept vun Weymis BBQ

  • -4 Poulets Brëscht
  • -200 ml Barbecue Sauce
  • -150 ml Äppeljus
  • -2 EL Öl
  • -2 TL gereecherten Paprikapolver
  • -Salz a Pfeffer
  • -Kleng Tortilla Wraps
  • -Ageluechten Zwiwwelen
  • -Avocado
  • -Kleng Tomaten
  • -Jalapeños
  • -Zitroun
  • -Aioli (optional)
Pulled Chicken Tacos (Poulet Tacos)

  1. 1De Schäffchen op 180°C erhëtzen.
  2. 2Pouletsfilets mat Kichepabeier dreschen tupfen, salzen, pefferen a mat Paprikapolver bestreeën.
  3. 3D'BBQ Zooss mam Äppeljus mëschen.
  4. 4Pouletsbrescht an eng Schäffcheform maachen an d‘BBQ- Äppeljus Zooss dra schëdden.
  5. 530 min am Schäffche baken.
  6. 6D‘Fleesch mat zwou Forschetten a kleng Stécker rappen an nach 10 Minutten am Schäffche baken.
  7. 7An der Tëschenzäit d‘Avocado mat enger Forschett zerdrécken. Mat Salz a Peffer an eng Sprëtz Zitrounejus ofschmaachen.
  8. 8D‘Tortillas kuerz an der Pan oder Mikrowelle opwiermen.
  9. 9D‘ Avocado Crème op den Tortillas verdeelen, dann d’Fleesch drop maachen, kleng Tomaten, Zwiwwelen a Jalapeños dropleeën. Zum Schluss nach mat e bëssi Aioli verfeineren (fakultativ).