Vegetaresch Burger Bowl

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers • Preparatioun: 20 Min • Kachen: 40 Min • Rezept vun -Vegelizious

  • -1 kg Gromperen, als Fritte geschnidden
  • -2 Iessläffel Olivenueleg
  • - 2 Béchsen Kicherierbessen, ofgeschott (560 g)
  • -2 Téiläffel Knuewelekpolver
  • -2 Téiläffel gereecherte Paprikapolver
  • -2 Römersalatherzen, geschnidden
  • -250g Kiischtentomaten, hallwéiert
  • -1 rout Enn, a reng Tranchë geschnidde
  • -Kleng Kornischong, a Tranchë geschnidden
  • -4 Iessläffel Burger Zooss
  • -Salz + Peffer
  • -Dressing fir d’Zalot :
  • -5 Iessläffel Jugurt
  • -2 Iessläffel Olivenueleg
  • -2 Téiläffel Moschter
  • -1 Iessläffel Zitrounejus oder Esseg
  • -Salz + Peffer
Vegetaresch Burger Bowl

  1. 1De Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  2. 2D’Gromperen als Fritte schneiden, a mat Olivenueleg, Salz a Peffer gutt mëschen. Op ee mat Bakpabeier beluechten Blech leeën an 30-40 Minutten am Schäffche baken. Dobäi no ongeféier 15-20 Minutten dréie (oder 20 Minutten am Air Fryer baken).
  3. 3An der Tëschenzäit d’Kicherierbesse mat Knuewelekpolver, Paprikapolver, eng Pouz Salz an e Schotz Olivenueleg vermëschen a marinéieren loossen.
  4. 4Dressing fir d’Zalot : All d’Ingrediente fir d'Vinaigrette mat engem Schnéibiesem gutt vermëschen. D’Zooss mat der Zalot mëschen.
  5. 5D’Zalot, d’Kiischtentomaten, d‘rout Enn, kleng Kornischong, Kicherierbessen a Fritten a 4 Schossele verdeelen a mat Burger Zooss zerwéieren.