Lëtzebuerger Cheesesteak

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Pers. • Rezept vun passionmeetscreativity

  • -4 Bréidercher
  • -60 g Botter
  • -700 g Entrecôte, ouni Schank
  • -1 Knuewelekszéif
  • -1 grouss giel Ënn
  • -2 EL Olivenueleg
  • -8 Scheiwe Provolone
  • -120 g Aioli
  • -Frësch gemuelene schwaarze Peffer
  • -Salz
Lëtzebuerger Cheesesteak

  1. 1Den Uewen op 220 °C virhëtzen.
  2. 2E Bakblech mat Aluminium Folie ausleeën an op d'Säit stellen.
  3. 3D’Bréidercher an der Mëtt opschneiden an déi opgeschnidde Säite generéis mat Botter besträichen. Mat der gebotterter Säit no uewen op dat virbereet Bakblech leeën an op d'Säit stellen, bis se getoast ginn.
  4. 4D’Entrecôte a reng Scheiwe schneiden. Fir d’Fleesch méi einfach ze schneiden, d’Fleesch virdrun ongeféier 45 Minutten an den Tifküler leeën. D’Fleesch duerno mam Knuewelek, Salz a Peffer vermëschen.
  5. 5Den Olivenueleg an enger grousser Pan, op staarker Hëtzt erhëtzen. Soubal d’Pan ganz waarm ass, d’Fleesch a Portiounen an d’Pan ginn an et gutt verdeelen, dass et eng eenzel Schicht huet. D’Pan net iwwerfëllen, fir datt d’Fleesch schéi brong gëtt. D’Fleesch ongeféier 2 Minutte pro Säit schaarf ubroden, bis et gutt gebroden ass. Op en Teller leeën an de Rescht vum Fleesch op déi selwecht Manéier ubroden. Wann néideg, nach e bëssen Ueleg dobäiginn.
  6. 6Wann all d’Fleesch gebroden ass, d’Plaque op mëttel Hëtzt erof setzen an d’Ënnen an déi selwecht Pan ginn. Ënner reegelméissegem Réieren ubroden an dobäi d’Rechter vum Broden vun der Pan léisen, bis d’Ënnen mëll a liicht karamelliséiert sinn. Dat dauert ongeféier 8 Minutten. Mat Salz a Peffer wierzen.
  7. 7D’Fleesch nees an d’Pan ginn a mat den Ënne vermëschen. D’Mëschung gläichméisseg verdeelen an d’Provolone-Scheiwen drop leeën. Den Deckel op d’Pan placéieren, d’Hëtzt ausschalten an de Kéis lues schmëlze loossen.
  8. 8An der Tëschenzäit d’Bréidercher an den Uewen ginn an toasten, bis se goldbrong a ronderëm d’Kuuscht knuspereg sinn. Aus dem Uewen huelen a kuerz ofkille loossen.
  9. 9Fir ze zerwéieren, d’getoaste Bréidercher generéis mat Aioli besträichen, duerno mat der waarmer Cheesesteak-Mëschung fëllen an direkt zerwéieren.