- -3 mëttelgrouss Gromperen
- -2 Wuerzelen
- -1 rout Ënn
- -2 net geschielte Knuewelekszéiwen
- -2 Putsch platte Péiterséileg gehackt
- -Salz
- -Peffer
- -1 EL Herbes de Provence
- -3 EL Sonneblummenueleg
- -3 EL BBQ Zooss
- -1 gudden EL wäisse Kéis
- -1 TL Mëllech
- -1 TL rout Ënn a kleng Würfel geschnidden
- -2 Putsch platte Péiterséileg gehackt
- 1De Schäffchen op 220°C virwiermen
- 2D’Geméis wäschen an d‘Wuerzele schielen. D’Gromperen a véier schneiden, d’Ënn a Rondelen an d’Wuerzelen an net ze déck Stéckercher schneiden
- 3Dat geschniddent Geméis mam Knuewelek an e Plat man fir an de Schäffchen. Ueleg, Salz, Peffer, Herbes de Provence an d’Barbecuezooss derbäiginn. Gutt mëschen esou datt d’Zooss dat ganzt Geméis bedeckt
- 4An de Schäffche stelle fir 30 Minutten
- 5Mat engem Messer an d’Gromper picke fir ze kucken ob se duerch ass. Wa se nach ze haart ass, nach e bëssen am Schäffche loossen
- 6De Plat aus dem Schäffchen huelen a gehackte Péiterséileg iwwer d’Geméis verdeelen
- 7An enger Schossel de wäisse Kéis an d’Mëllech opschloe bis d’Mëschung glat an homogen ass
- 8Salz, Peffer, d’Ënn an de Péiterséileg derbäiginn
- 9Mëschen a beim Geméis zerwéieren