-
D’Moutarderie de Luxembourg, eng bal 100 järeg mënschlech Aventure, bestoend aus Generatiounswiesselen a Vermëttlung vu staarke Wäerter.
-
1922
Opkaf
De Raymond Munhowen keeft d’Moutarderie Luxembourgeoise, déi deen Ament een Deel vun der Firma Munhowen Boissons war. De Verkaf vum Moschter zu Lëtzebuerg verduebelt sech.
-
1976
Mohrfelsmillen
Ufank vun der Moschterproduktioun an der Mohrfelsmillen am Pafendall, eng al Millen aus dem Joer 963. -
1986
Plënneren
D‘Moutarderie de Luxembourg plënnert op de Site vu MUNHOWEN Distribution um Houwald fir do seng nei Verpackungsmaschinnen ze installéieren. -
1987
Nei Zooss
De staarke Moschter fuerdert d’Amateure vu staarke Sensatiounen eraus.
-
1992
Nei Zooss
D’Moutarde à l’ancienne huet alles fir den Amateure vu staarkem Moschter ze gefalen. Perfekt als Beilag oder fir Zoossen ze preparéieren.
-
1993
Nei Zoossen
Ufank vun der Produktioun vun der Mayonnaise mat Eeër an der Mayonnaise mat Zitroun.
-
1996
Nei Zooss
D’Mayonnaise à l’ancienne vervollstännegt d’Gamme vu Mayonnaisen a verfeinert Är Platen.
-
2000
Reprise vum Roland a Yann Munhowen
De Roland Munhowen a säi Jong Yann iwwerhuelen d’Parte vun der Moutarderie de Luxembourg.
-
2007
Nei Zooss
De BIO Moschter gëtt ënnert dem Biog Label commercialiséiert.
-
2008
Plënneren
D’Produktioun an d’Büroe ginn op Mënsbech an e fonkelneit Gebai transferéiert.
-
2014
Neie Look
En neie Look fir eng nei Aventure”. Komplette Relooking vun der ganzer Gamme.
-
2015
Nei Zoossen
D’Famill gëtt méi grouss: de Ketchup an d’Sauce Andalouse gi lancéiert.
-
2015
Spezialeditioun
Moschter mat Riesling (limitéiert Editioun): de ganze Lëtzebuerger Know-how an engem Glas konzentréiert! Dës limitéiert Editioun ass d’Resultat vun enger Kooperatioun mat Domaines Vinsmoselle.
-
2016
Spezialeditioun
Moschter mat Simonsbéier (limitéiert Editioun): wann de beschte Béier an de Moschter sech an engem Glas begéinen! Dës limitéiert Editioun ass d‘Resultat vun enger Kooperatioun mat der Brauerei Simon.
-
2017
Maschinnen
Kaf vun enger neier Produktiounsmaschinn a vun neie Verpackungsmaschinne fir der Nofro nozekommen.
-
2017
Neit Rezept fir d’Mayonnaise
Rezeptännerung vun der Mayonnaise mat Eeër an der Mayonnaise mat Zitroun: nach besser am Geschmaach!
-
2018
Nei Zooss
D’Barbecue Zooss gëtt lancéiert. Si passt perfekt bei gegrilltent Fleesch.
-
2021
Nei Zoossen
Cocktail, Aïoli an Samouraï.
-
2022
100 Joer Gebuertsdag
-
2023
Vergréisserung vun der
Verpaakungsfläch & nei Maschinnen
-
2024
Nei Zoossen
Pita & Burger.