- -300g Courgetten
- -1/2 Téiläffel Salz
- -2 Fréijoerszwiwwelen
- -120g Miel
- -1 Ee
- -3 Iessläffel Moutarderie de Luxembourg Aïoli
- -2 Iessläffel Dill, gehackt
- -1 Téiläffel gedréchent Mente
- -Zest vun 1/2 Zitroun
- -Peffer
- -Olivenueleg, fir ze broden
- 1D’Courgette rappen an an en Sift ginn. Mat 1/4 Téiläffel Salz vermëschen an fir 20 Minutten zeien loossen.
- 2Wärend där Zäit d’Fréijoerszwiwwelen a Scheiwe schneiden an an eng Schossel ginn.
- 3No 20 Minutten d’Flëssegkeet aus de Courgettë pressen.
- 4D’Courgetten bei d’Fréijoerszwiwwelen an d’Schossel ginn.
- 5D’Miel, d'Ee, den Aïoli, Dill, Mente, Zitrounenzesten, 1/4 Téiläffel Salz a Peffer derbäi ginn. Gutt vermëschen.
- 6Genuch Olivenueleg an eng Pan schëdde fir dass se ganz mat Ueleg bedeckt ass an erhëtzen. 8 Téiläffel vum Deeg an d’Pan ginn fir e 8 Puffer ze maachen.
- 7D’Puffer op all Säit 2 Minutten ubroden bis se brong sinn, dann op Kichepabeier leeën.
- 8E bëssen Aïoli an eng Sprëtztuut ginn an e Flapp op all Puffer sprëtzen. Mat Dill dekoréieren an d’Puffer direkt zerwéieren.
- 9- TIP: D’Puffer kennen am Viraus preparéiert ginn an am Schäffchen opgewiermt ginn.