bao Breidercher

Schwierigkeitsgrad 4/5

Mécht 12 Baos – 1 Dag am Viraus ufänken – Zoubereedung: 1 Stonn + 2,5 Stonnen kachen. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -Fir d’Fleesch:
  • -600g ongekachten Kassler oder Judd*
  • -150ml Äppeljus
  • -330ml donkele Béier
  • -300ml Waasser
  • -1 Anäisstär
  • -½ Kanéilsstaang
  • -2 Téiläffel Zocker
  • -Fir d’Glasur:
  • -100g BBQ-Zooss
  • -1 Iessläffel Sojaszooss
  • -1 Téiläffel gemuelenen Anis
  • -1 Iessläffel Ingwerpaste
  • -3 Knuewelekszéiwen
  • -Fir d’ageluechten rout Ennen:
  • -1 rout Enn
  • -50ml Wäisswäinesseg
  • -50ml Waasser
  • -15g Zocker
  • -½ Téiläffel Salz
  • -½ Téiläffel Fenchelkären
  • -4 schwaarz Pefferkären
  • -Fir ze zerwéieren:
  • -12 gefrueren Bao-Bréidercher**
  • -1 Kornischong
  • -Äerdnëss
  • -Koriander
  • -Samouraï-Zooss
  • -*Kassler a Judd sinn béid gereechert Fleesch – Kassler ass mi einfach ze schneiden, well et manner Fett drun huet. De Judd huet Tendenz nom Schneiden ausernaanerzefaalen.
  • -**Dir fannt Päck mat gefruerenen Bao-Bréidercher am Asiateschen Supermarché.
bao Breidercher

  1. 1Um Virdag d’Fleesch an di ageluechten Ennen preparéieren.
  2. 2D’Fleesch entsalzen: d’Fleesch an en Dëppen mat kalem Waasser ginn an opkachen. Soubal d’Waasser kacht, ofschëdden, dann den Äppeljus, Béier, Waasser, Anäisstär, Kanéil an Zocker bei d’Fleesch an d’Deppen ginn.
  3. 3Mat engem Deckel zoudecken an opkachen, dann d’Fleesch 2 ½ Stonn lues kachen loossen. Vun der Kachplack huelen an d’Fleesch bis den nächsten Dag am Bouillon loossen.
  4. 4Fir d’ageluechten rout Ennen: d’Enn schielen an an reng Tranchen schneiden an an e Glas ginn. Den Esseg, Waasser, Zocker, Salz, Fenchelkären a Pefferkären an en Dëppen ginn an erhëtzen bis den Zocker sech opgeléist huet an d’Flessechkeet kacht. D’Flessechkeet an d’Glas mat den Ennen schëdden, zoudecken an iwwer Nuecht zeien loossen.
  5. 5De nächsten Dag: D’Bao-Bréidercher fir ze entdeeën aus dem Tifküler huelen.
  6. 6All d’Ingredienten fir d’Glasur an enger Schossel vermëschen.
  7. 7D’Kornischong an reng Tranchen schneiden. D’Äerdnëss zerdrécken. De Koriander hacken.
  8. 8Den Grill vum Schäffchen op héich stellen.
  9. 9D’Fleesch an 6 Tranchen schneiden an jeeweils nach eng Kéier an der Haltschegt duerchschneiden. D’Fleesch zréck an de Bouillon leen, dann genuch Waasser derbäischedden fir d’Fleesch ze bedecken. Mat engem Deckel ofdecken an rëm opkachen, dann d’Fleesch 3 Minutten laang kachen bis et waarm ass.
  10. 10En Grill op e Bakblech mat Bakpabeier stellen, dann di warm Fleeschtranchen drop verdeelen. D’Fleesch uewendrop mat der Glasur bepinselen. Am Schäffchen grillen bis et ufänkt ze karamelliséieren. Aus dem Schäffchen raushuelen, d’Fleesch emdreien an di aner Säit mat der Glasur besträichen an och di Säit grillen.
  11. 11D’Bao-Bréidercher portiounsweis ongeféier 5 Minutten dampfen (oder am Mikrowellen no Packungsanleitung opwiermen), bis se duerchgewiermt sinn.
  12. 12D’Baos opmaachen an e bëssi Samouraï-Zooss an all Bao ginn, dann jeeweils mat enger Scheif Fleesch, Kornischongstranchen, rouden Ennen a Koriander fëllen an mat Äerdnëss bestreeën. Direkt zerwéieren.