Brockelcher mat Moschter-Knuewelek Zoos

Schwierigkeitsgrad 2/5

Fir 4 Persounen • Virbereedung : 10 Min • Kachen : 45 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -700 g frësch Brockelcher
  • -2 Iessläffel Ahornsirop
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -1 Pouz Chiliflocken (optionell)
  • -Salz & Peffer 
  • -Fir d’Zooss :
  • -2 Téiläffel Mandelmus (wäiss)
  • -1 Iessläffel Moschter « original »
  • -1 Iessläffel Zitrounejus
  • -2 Iessläffel kaal Waaser
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -1 Kapp Knuewelek
  • -Salz & Peffer
Brockelcher mat Moschter-Knuewelek Zoos

  1. 1Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  2. 2De Kapp vum Knuewelek horizontal Metteg duerchschneiden. Olivenueleg op den Knuewelekkapp maachen an an Aluminiumfolie wéckeln esou datt den Ueleg net fortleeft. 45 Minutten laang am Schäffchen baken bis Zéiwen vum Knuewelek mëll sinn.
  3. 3An der Tëschenzäit d’Brockelcher botzen an an zwee schneiden. D’Brockelcher mat dem Ueleg, Ahornsirop, Chiliflocken, Salz a Peffer an enger Schossel vermëschen. Op engem Bakblech verdeelen an am Schäffche fir 30 Minutte baken (gläichzäiteg wéi den Knuewelek)
  4. 4Fir d'Zooss : d’Knuewelek aus der Schuel raushuelen an mat dem Mandelmus, dem Moschter, dem Zitrounejus, dem Waasser, dem Olivenueleg an een Mixer ginn an püréieren bis dat Ganzt schéi crèmeg ass. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  5. 5D’Zoss iwwert d’Brockelcher schëdden an zerwéieren.