Choufleur süss-sauer

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 2 Persounen – Preparatioun:  10 Min – Schäffchen: 35  Minutte. Rezept vun Vegelizious.

  • -1 Choufleur
  • -2 Iessläffel Ueleg
  • -2 cm Ingwer
  • -1 Zéif Knuewelek
  • -250 ml Orangejus
  • -1 Iessläffel Räiswäinesseg
  • -1 Iessläffel Sojaszooss
  • -40g Ketchup
  • -1 Iessläffel Maistäerkt
  • -1 Iessläffel Zocker
Choufleur süss-sauer

  1. 1De Schäffchen op 220°C virhëtzen.
  2. 2De Choufleur an Réisercher schneiden an op een mat Bakpabeier beluechten Bakblech gläichméisseg verdeelen a mat Ueleg besträichen. 30 bis 35 min baken bis de Choufleur liicht knuspreg ass. Dobäi reegelméisseg dréien (ongeféier all 10 min).
  3. 3D’Zooss an Tëschenzäit virbereeden. D’ Knuewelekszéif an den Ingwer reng hacken. E puer Läffelen Ueleg an enger Pan ophëtzen. D’ Knuewelekszéif an den Ingwer 2-3 min dran ubroden. Mat 200 ml Orangëjus, den Räiswäinesseg an déi Sojaszooss ofläschen.
  4. 4D'Maistäerkt an den Rescht Orangëjus (50ml) gut ënnerréieren fir eng cremeg Zooss ouni Knäpp ze kréien. D’Zooss an een Dëppen zesummen mam Ketchup an mam Zocker ginn, an zum kache bréngen. D’Hëtzt erofschalten an weider 5 Minutten kachen, bis d‘ Mëschung gedéckst ass.
  5. 5De Choufleur mat der Zooss vermëschen. Mat Räis zerwéieren a mat Fréijoerszwiwwel dekoréieren.