Falafels mat Pita Sauce

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht 10-12  falafels • Preparatioun: 15 Min • Kachen: 5-20 Min • Rezept vun -Vegelizious

  • -180g Kicherierbessen (dréchen)
  • -30 g Péiterséileg (frësch)
  • -30g Koriander( frësch, optional)
  • -10g Dëll (frësh)
  • -2 Stiller Mënz (frësch)
  • -2 Fréijoersënn
  • -1,5 Téiläffel Knuewelekspolver
  • -1 Téiläffel Koriander (gemuelen)
  • -1 Téiläffel Kümmel (gemuelen)
  • -1 Téiläffel Backpulver
  • -30 g Miel (oder Kicherierbessenmiel)
  • -Salz & Peffer
  • -Pita Zooss
Falafels mat Pita Sauce

  1. 1Kicherierbesse 6 bis 8 Stonnen oder iwwer Nuecht aweechen. Ofdrëpse loossen an an de Mixer ginn. Dir kënnt och eng Bécks Kicherierbessen benotzen, awer d’Konsistenz an de Goût si besser wann dir gedréchent an ageweechte Kicherierbesse benotzt. Wann Dir Kicherierbessen aus der Bécks benotzt musst Dir eventuell bësse méi Miel derbäimaachen.
  2. 2Kraider a Fréijoersënn hacken an an de Mixer ginn. Graff püréieren, net ganz vermëschen.
  3. 3An eng Schossel ginn, Miel, Bakpolver, Salz a Peffer derbäiginn a vermëschen. 10 bis 12 Bällercher mat der Hand formen. (Méi Miel benotze wann d' Mëschung ze fiicht ass oder méi Waasser wann se ze dréchen ass).
  4. 4Falafel frittéieren (170°C fir 1-2 Minutten) oder 20-25 Minutten am Schäffchen (180° C) baken (Airfryer à 180° C fir 10 à 15 Minutten). Mat Pita Zooss zerwéieren.