Hokkaidokürbiszopp mat Ram

Schwieregkeetsgrad 5/5

Et geet dach näischt iwwert eng Kürbiszopp mat Girollen a lëtzebuergeschem Moschter „original“, fir de Kierper an d’Häerz ze wiermen!

  • -450 g Hokkaidofleesch
  • -1 Gefligelbouillon
  • -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „original“
  • -300 g Girollen
  • -10 cl flëssege Ram
  • -20 g Botter
  • -Gerappte Muskot
  • -Salz a Peffer
Hokkaidokürbiszopp mat Ram

  1. 1D’Kürbisfleesch a Cubë schneiden a mat 30 cl Waasser an eng Cocotte maachen.
  2. 2De Gefligelbouillon an e bësse Salz derbäiginn.
  3. 3D’Cocotte zoumaachen an 20 Minutte kache loossen.
  4. 4D’Girollë schneiden, wäschen an ofdrëpse loossen.
  5. 5Mam Ram Schlagsahn maachen.
  6. 6D’Girollen an eng Pan maachen a mat Salz a Peffer wierzen. Op klenger Flam ubroden.
  7. 7Wann de Kürbis schéi mëll ass, de Bouillon, de gerappte Muskot an de lëtzebuergesche Moschter „original“ derbäimaachen.
  8. 8Dat Ganzt mixen a virsiichteg d’Schlagsahn ënnerhiewen.
  9. 9Op d’Girollë schëdden a schéi waarm genéissen!