- -4 Poulets Brëscht
- -200 ml Barbecue Sauce
- -150 ml Äppeljus
- -2 EL Öl
- -2 TL gereecherten Paprikapolver
- -Salz a Pfeffer
- -Kleng Tortilla Wraps
- -Ageluechten Zwiwwelen
- -Avocado
- -Kleng Tomaten
- -Jalapeños
- -Zitroun
- -Aioli (optional)
- 1De Schäffchen op 180°C erhëtzen.
- 2Pouletsfilets mat Kichepabeier dreschen tupfen, salzen, pefferen a mat Paprikapolver bestreeën.
- 3D'BBQ Zooss mam Äppeljus mëschen.
- 4Pouletsbrescht an eng Schäffcheform maachen an d‘BBQ- Äppeljus Zooss dra schëdden.
- 530 min am Schäffche baken.
- 6D‘Fleesch mat zwou Forschetten a kleng Stécker rappen an nach 10 Minutten am Schäffche baken.
- 7An der Tëschenzäit d‘Avocado mat enger Forschett zerdrécken. Mat Salz a Peffer an eng Sprëtz Zitrounejus ofschmaachen.
- 8D‘Tortillas kuerz an der Pan oder Mikrowelle opwiermen.
- 9D‘ Avocado Crème op den Tortillas verdeelen, dann d’Fleesch drop maachen, kleng Tomaten, Zwiwwelen a Jalapeños dropleeën. Zum Schluss nach mat e bëssi Aioli verfeineren (fakultativ).