- -4 Broutscheiwen
- -20 g Botter
- -10 g Péiterséileg, frësch
- -4 Iessläffel Gromperepüree
- -2 Téiläffel Mayonnaise « à l’ancienne »
- -125 g gereecherten Tofu
- -2 Gräppvoll Zaloteblieder oder Babyspinat
- -200 g Geméis Bëtz (z.b Kürbis, Brockelcher …)
![Sandwich mat Tofu an Kréichels-Mayonnaise](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2023/10/Sandwich-végétarien-au-tofu.png?fit=2000%2C1300&ssl=1)
- 1Botter an eng Pan ginn an d‘Broutscheiwen doran ubroden bis se op béiden Säiten gegrillt a knuspreg sinn (ca. 2 Minutten pro Säit).
- 2Tofuscheiwen (ca. 3 bis 5 mm déck) an d’Pan ginn an ubroden bis se op béiden Säiten gegrillt a knuspreg sinn.
- 3Fir Kréichels Mayo gëtt d‘Mayonnaise « aux œufs » mat Kréichels Gebeess gutt vermëscht.
- 4Den Sandwich opbauen. Eng Broutscheif mat Mayonnaise „à l’ancienne“ besträichen an mat den Ingredienten beleeën : e puer gegrillten Tofuscheiwen, Gromperepüree, Geméis, Zalot oder Babyspinat. Déi zweet Broutscheif generéis mat Kréichelsmayonnaise besträichen an den Sandwich zou maachen.
- 5Tipp : wann Dir keng Geméisreschter hutt, kënnt Dir 3-4 dënn Scheiwen Kürbis pro Sandwich schneiden, an enger Pan 4 Minutten op béiden Säiten bei mëttlerer Hëtzt ubroden an zum Schluss e Schotz Waasser derbäiginn.