- -280g Miel
- -70g Botter
- -2 Iessläffel Moschter « à l’ancienne »
- -1 Iessläffel Hunneg
- -1 Téiläffel Bakpolver
- -1 Ee (+1 fir ze besträichen)
- -60ml Mëllech
- 1Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
- 2Den Botter a kleng Stécker schneiden an zesummen mat dem Miel an dem Bakpolver an enger Kichemaschinn knieden (d'Hänn net benotzen, fir datt den Botter net schmëlzt).
- 3De Moschter, den Hunneg an d‘Ee derbäiginn an knieden bis datt den Deeg net méi pecht.
- 4D'Aarbechtsplack mat Miel bestreeën an den Deeg 3-4 cm déck ausrullen. Kreesser vun ongeféier 6 cm Duerchmiesser mat engem Ausstiecher ausstiechen (Dir kënnt zum Beispill eng Expresso Taass als Ausstiecher benotzen).
- 5D’Scones fir 30 Minutten ant Killtru stellen. Een Ee mat enger Schlupp Mëllech zesummemëschen an d‘ Scones domadder besträichen.
- 6D’Scones op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an 10-15 Minutten am Schäffchen baken bis se gëlle sinn (eventuell méi laang wann Är Scones méi grouss sinn).