- -2 Burgerbréidecher
- -2 Rëndsfleesch Patties
- -1 Burrata
- -2 Scheiwen réi Ham
- -Basilikum
- -BBQ Sauce
- -Schwaarze Peffer
- -Piisch-Salsa :
- -8 Kiischtetomaten (oder 1 normal)
- -1 Piisch
- -1 kleng roud Ënn
- -1/2 gréngen Chili
- -1 Knuewelekzéif
- -1 TL schaarfe Moschter (Moutarde Forte)
- -1 TL Ahornsirop
- -2 EL Olivenueleg
- -Péiterséileg
- -E Sprëtzer Zitroun
- -Salz a Peffer
- 1Virbereedung vun der Salsa : D‘ Piisch an d'Tomaten a kleng Wierfelen schneiden. Ënn a Knuewelek schielen, Chili botzen. Alles reng hacken a mat den Tomaten an der Piisch vermëschen. Den Péiterséileg wäschen a reng hacken. Ueleg, Moschter, Ahornsirop, Zitrounejus gut vermëschen, iwwert d‘Piisch-Tomaten Mëschung schëdden a gutt vermëschen, mat Salz a Peffer ofschmaachen. D’Salsa bis zum Gebrauch kal stellen.
- 2Prepartioun Burger : De Grill (oder d'Pan) erhëtzen an d’ Bréidecher toasten. Uschléissend d'Pattien säfteg ubroden
- 3Opbau Burger : Burgerbréidchen-Buedem, 2 Iessläffel Salsa, Patty, BBQ Zooss, 1/2 Burrata, Schwaarzen Peffer op d’Burrata maan, 1 tranche réi Ham, 3-5 Basilikumblieder, Burgerbréidchen-Deckel