- -2 Poulets-Brëscht (400g)
- -1 Iessläffel Ingwer-Paste
- -1 Iessläffel Zitrounegras-Paste
- -1 Knuewelekszéif, zerdréckt
- -2 Iessläffel Koriander, gehackt
- -1 Iessläffel Thailännesch Fëschzooss oder Sojaszooss
- -1/4 Téiläffel Salz
- -1 Iessläffel Moutarderie de Luxembourg Samouraï Zooss
- -4 Iessläffel Panko Chapelur
- -Sonneblummenueleg
- -1 rout Enn
- -50g Zocker
- -120ml Wäisswäinesseg
- -6 schwaarz Pefferkären
- -4 Burger-Bréidercher
- -Laitue oder Eisbergzalot
- -Koriander
- 1Mat den ageluechten Ennen ufänken: d’Enn schielen an an reng Tranchen schneiden. Den Zocker, Esseg, Pefferkären an Salz an en Dëppen ginn an opkachen fir dass den Zocker sech opléist. D’rout Ennen derbäiginn an 2 Minutten kachen loossen. Vun der Kachplack huelen an op d’Säit stellen wärend de Rescht preparéiert gëtt.
- 2Fir d’Burger-Patties: de Poulet an Stecker schneiden an mat de reschtlechen Ingredienten an e Mixer ginn. An kuerzen Intervallen mixen fir d’Fleesch ze hacken ouni et matscheg ze mixen. Soubal et eng graff Textur huet, 4 Burger-Patties aus der Mëschung formen an op en Teller ginn.
- 3Den Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. E bëssi Sonneblummenueleg an eng grouss Pan erhëtzen an d’Burger op all Säit 2 1/2 Minutten ubroden. Op en Bakblech mat Bakpabeier leen an 10 Minutten am Schäffchen baken.
- 4D’Burger-Bréidercher opschneiden an e puer Minutten an de Schäffchen leen, bis se liicht geréischtert sinn.
- 5En gutt Portioun Samouraï Zooss op di opgeschnidden Säiten vun de Bréidercher sträichen. Di ënnescht Breidercher mat engem Zaloteblat beleeën an jeeweils een Burger Patty dropleeën. E puer ageluechten Ennen dropginn an dann mat Koriander bestreeën. Mat engem Breidchendeckel bedecken fir e Burger ze formen. Direkt zerwéieren.
- 6- TIPP: Mat Séissgromperfritten an Samouraï Zooss fir ze dippen zerwéieren.