- -4 Bréidercher
- -200g Kasar Kéis a Scheiwen (oder provolone oder gruyère Kéis)
- -150g Sucuk (Tierkesch Wurscht), ouni Daarm, a Scheiwen
- -100g Rënd- oder Dindesalami , a reng Scheiwe geschnidden
- -100g Poulet- oder Schnuddelhongswurscht, a Sträifen geschnidden
- -40g mëlle Botter
- -2 déck Tomaten, reng geschnidden
- -6 Kornischong (Essiggurke), a Sträife geschnidden
- -Ketchup, Mayonnaise a Moschter
- 1D’Bréidercher opschneiden, mat Botter besträichen an an der Pan ubroden, bis se liicht brong ginn (ongeféier 5 Min). Op en Teller leeën a op d’Säit stellen.
- 2Sucuk, Salami a Wurscht an derselwechter Pan ubroden bis se knuspereg an d’Ränner liicht gerullt sinn. Aus der Pan huelen, op en Teller leeën a op d’Säit stellen. D’Fett vum Fleesch an der Pan loossen an d’ Scheiwe Kéis op alle Säiten ubroden bis se gëllen a knuspereg sinn.
- 3De Kéis virsiichteg aus der Pan huelen an op d‘ënnescht Brouthaltschegt placéieren, da mat Sucuk, Salami a Wurscht beleeën a mat Kornischongen an Tomaten garnéieren. Mat Ketchup, Mayonnaise a Moschter zerwéieren.