Vegetaresch Soja Bällecher

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun: 20 Min • Kachen: 25 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -Soja Bällecher:
  • -175g Soja Schnetzel, gedreschent ( vegan Alternativ zu Gehacktes)
  • -1,5 Téiläffel Knuewelekpolver
  • -1 Téiläffel chineesesch Mëschung „fënnef-Gewierz“
  • -1,5 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -350 ml Geméisbritt
  • -1 Fréijoersënn, reng geschnidden
  • -1 Ee
  • -35 g Chapelur
  • -50 g de Ketchup
  • -Salz & Peffer
  • -Sauce:
  • -65 g Ketchup
  • -1 Téiläffel Chilipolver
  • -2 Iessläffel Soja Zoss
  • -2 Iessläffel Räisesseg
  • -2 cm frëschen Ingwer, gerappt oder reng gehackt
  • -1 Zéif Knuewelek, reng gehackt
  • -15 g Zocker
  • -150 ml Waasser
  • -1 Iessläffel Maïzena (Maistäerkt)
Vegetaresch Soja Bällecher

  1. 1Soja Schnetzel mat Knuewelekpolver, fënnef-Gewierz Mëschung a Paprikapolver an enger grousser Schossel mëschen. Geméisbritt opkachen an op d’Soja Schnetzel schëdden. Gutt mëschen a fir 10 min op d'Säit leeë bis d’Soja Schnetzel mëll sinn. Ofschëdden (wann néideg) an d’Flëssegkeet aus den Soja Schnetzel pressen.
  2. 2D’Fréijoersënn, d’Chapelur, d’Ee, de Ketchup, de Salz a Peffer dobäiginn a gutt réiere bis all d’Ingredienten gutt kombinéiert sinn an zesummen halen. Aus der Mëschung Bällecher formen.
  3. 3Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass den Buedem bedeckt ass. D’ Bällecher 8 bis 10 Minutten ubroden bis se gëllen sinn.
  4. 4Ketchup mat Soja Zooss, Räisesseg, Ingwer, Knuewelek an Chilipolver an enger Schossel mëschen. An engem Dëppen ophëtzen.
  5. 5An Tëschenzäit d'Maisstäerkt mat e puer Iessläffel Waasser gutt ënnerréiere fir eng cremeg Zooss ouni Knäpp ze kréien, duerno Maisstäerkt ënner d’Zooss hiewen a weider 2 bis 3 Minutte kache loossen, bis d‘ Mëschung gedéckst ass.
  6. 6D‘Bällecher am Dëppe mat der Sauce vermëschen. Mat Räis a Brokkoli zerwéieren.