Vietnameeseschen Banh mi sandwich

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 2 Pers • Preparatioun: 20 Min • Kachen: 10 Min • Rezept vun -Vegelizious

  • -1 Baguette
  • -200 g gereecherten Tofu, a Scheiwe geschnidden
  • -1/4 Cornichon, reng geschidden
  • -2 Iessläffel Samouraï Zooss
  • -2 Iessläffel Hoisin Zooss (alternativ : Sojazooss oder Teriyaki Zooss)
  • -Koriander, frësch
  • -Mënz, frësch
  • -Ageluechte Geméis :
  • -2 Muerten, a fein Tranchen geschnidden
  • -100 g Réidercher (oder 1 extra Muert), a fein Tranchen geschnidden
  • -150 ml Räiswäinesseg
  • -150 ml Kachwaasser
  • -1 Téiläffel Salz
  • -2 Iessläffel Zocker
Vietnameeseschen Banh mi sandwich

  1. 1Zoubereedung vum ageluechte Geméis : Muerten a Réidercher a fein Tranchen schneiden an an een Amaachglas maachen. De Räiswäinesseg mat Salz an Zocker an enger Schossel vermëschen, fir dass den Zocker an de Salz sech opléisen. D' Räiswäinessegmeschung an d’kache Waasser iwwert Geméis an Amaachglas schëdden. Den Deckel zoudréien an op d’mannst 10 Minutte roue loossen.
  2. 2Tofuscheiwen an d’Pan ginn an 2-3 Minutten op béide Säiten ubroden (optional).
  3. 3De Sandwich opbaue : D’Baguette opschneiden a mat Samouraï Zossen besträichen. Mat den Ingrediente beleeën: Tofu, ageluechte Geméis, Cornichon, Koriander a Mënz. Zum Schluss e Schotz Hoisin Zooss iwwergéissen (alternativ: Sojazooss oder Teriyaki Zooss).