- -1 Rull Bliederdeeg oder Quiche- & Taartendeeg (« pâte brisée »)
- -2 kleng roud Paprika
- -1 kleng giel courgette
- -6 Tomate-cerisen
- -1 Knuewelekszéif
- -200 g Frëshkéis (wéi z.B « Saint Môret »)
- -1 Ee
- -1 Iessläffel Moschter "à l'ancienne"
- -E bëssen Parmesan, gerappt
- 1Den Deeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken.
- 2D‘ Knuewelekszéif schielen an a reng Tranchen schneiden. Den rouden Paprika wäschen an a dënn Tranchen schneiden. D’Courgette wäschen an a kleng Wierfelen schneiden.
- 3De Knuewelek an enger Pan mat e bëssen Ueleg 2 Minutte ubroden. D’Paprika an d’Courgette dobai maachen a brutschelen lossen bis se mëll sinn (et dauert ongeféiert 20 bis 25 Minutte). Dobäi reegelméisseg dréien.
- 4An der Tëschenzäit, Tomate-cerisen halbéieren. De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
- 5De Moschter um Deeg verdeelen an d‘Geméis drop verdeelen.
- 6Fir de Flan d‘ Ee mat dem Frëshkéis opschloen an iwwert d’Geméis schëdden.
- 7Tomate-cerisen an engem schéine Muster drop verdeelen, déi geschnidden Säit no uewen a liicht bäidrécken.
- 8D’Parmesan Stécker iwwert d‘Quiche verdeelen.
- 9D’ Taart fir 35 bis 40 Minutten baken.
- 10Dëss Taart schmaacht wotlech am beschten, mat enger gréng Zalot niewendrun.