- -4 Poulet-Brëscht
- -400g frësch Nuddelen, z.B Tagliatelles
- -15 g Botter
- -1 Iessläffel Ueleg
- -2 Schallotten
- -5 cl Xérès Esseg
- -40 cl Ram
- -Piment d’Espelette
- -1 Téiläffel Moschter « original »
- -1 Iessläffel Moschter « à l’ancienne »
- -Salz, Peffer
- 1Mat der Moschterzooss ufänken. D‘ Schallotte schielen an a Reng schneiden. Mat dem Xérès Esseg an en Dëppe ginn an opkachen. De Ram dobäiginn an nees opkachen. De Moschter « original » an de Piment d’Espelette mam Schnéibiesem ënnermëschen. Vun der Kachplack huelen, d’Zooss duerch eng Passett schëdden an uschléissend de Moschter à l’ancienne dobäiginn a gutt réieren.
- 2D’Poulet Brëscht an enger Pan mat Botter an Ueleg op béide Säiten 2 Min ubroden dann d’Hëtzt erofschalten a weider 8 bis 10 Minutte kache loossen . Mat Salz a Peffer wierzen.
- 3An der Tëschenzäit, d’Nuddelen a kachendem Salzwaasser kachen (Kachzaït no Uweisungen op der Packung).
- 4Nuddelen ofschëdden. D‘Moschterzooss op d’waarm Nuddele maachen a gutt vermëschen.
- 54 Teller mat Nuddelen a jeeweils eng Poulet-Broscht uriichten. De Rescht vun der Moschter Zooss drop verdeelen an direkt zerwéieren.